top of page
Punkte verbannen

De liicht anere Wënzerbetrib ... Mir invitéieren Iech, eise klenge Wënzerbetrib mat all senge Facetten ze entdecken.


Eise Kellermeeschter - Frank Schumacher

Zënter 1714, iwwer 10 Generatiounen, vermëttelt de Wënzerbetrib Schumacher-Knepper, matten am südleche Museldall an der Gemeng Schengen, um Fouss vum herrleche Wëntrenger Felsbierg, d'Wëssen an d'Traditioun vun der Wäinhierstellung. De Familljebetrib ass ee vun den eelste Wënzerbetriber mat der Hierkonftsbezeechnung "Moselle Luxembourgeoise".

 

De Frank Schumacher (Diplom-Oenolog) a seng Schwëster Martine (Diplom-Betribswiertin) bedreiwen zënter 2003 de Familljebetrib zesummen.

 

Aus der Vocatioun zum Wangert an zum Wäin mécht de Frank all Joer  Wäiner a Crémant vun héijer Qualitéit.

Mir si frou, eis Drauwe esou engem talentéierte Kellermeeschter a Frënd unzvertrauen.

Frank_salle.jpg

Fir bescht Qualitéit ze garantéieren, fuerdert de Frank eng traditionell, reng manuell Lies.

An der Kellerei kombinéiert hien traditionell Wäinveraarbechtungsmethoden mat neier Technologie fir varietéitspezifesch Top-Produkter hierzestellen:

  • schounend Drauweveraarbechtung

  • gekillte Gärung an Edelstahltänk

  • laang Hieflagerung

schmaachstuff-nei.png

Eis Wangerten


"Passioun fir Innovatiounen am Sënn vun ëmmer méi natierleche Wäiner"


"Am Respekt vun der Philosophie vun de Virfaren"

Frank Martine Prost
bottom of page