DOMAINE DE SCHENGEN

De liicht anere Wënzerbetrib ... Mir invitéieren Iech, eise klenge Wënzerbetrib mat all senge Facetten ze entdecken.
Eis Geschicht
De gemeinsamen Interessi fir de Wäinubau, d'Freed um Genéissen an d'Naturverbonnenheet hunn eis dozou bruecht, spontan e puer kleng Parzellen ze iwwerhuelen, déi Enn 2012 ze verkafe waren.


Mir haten och d'Méiglechkeet d'Maschinne vun engem klenge Wënzerbetrib ofzekafen, sou datt mir just nach en Numm hu misse fannen. Mir ware frou erauszefannen, datt den Numm "Domaine de Schengen" net registréiert war, an sou war d'Sich nom Numm séier ofgeschloss.
Eis Wangerten
Iwwert eis
Op der Foto (vu lénks no riets):
Romain, Georges a Paul - déi 3 Proprietairen.
Mir bedreiwen eise kleng Wënzerbetrib (ongeféier 0,6 Hektar ab 2024) d'ganzt Joer mat gudder Ënnerstëtzung vun eise Familljen. Mir féieren eis Kanner op eng flott Manéier un d'Verbonnenheet mat der Natur erun. Si léiere spilleresch eng nohalteg Bewirtschaftung an en ëmweltbewosst Ressource-Management. Mir verbrénge bei all Wieder eng fantastesch Zäit zesummen dobaussen an eiser wonnerschéiner Musellandschaft.


Am Hierscht, wann d'Lies usteet, gi mir vu gudde Frënn ënnerstëtzt an och hei weess den Domaine de Schengen ëmmer d'Aarbecht mat Freed ze kombinéieren ... Mee amplaz vu ville Wierder, biede mir Iech einfach an eis Säiten eranzeluussen an Dir wäert VERSTOEN :-)
Ëmmer fir e Spaass ze hunn, rode mir awer of dëst nozemaachen. Eise Wäin & Crémant verlaangen no Stil a wëllen net aus der Fläsch gedronk ginn. Et deelt een se mat gudde Frënn a flotte Gabriel Glieser an et genéisst een se mat Moderatioun.