top of page
Punkte verbannen

De liicht anere Wënzerbetrib ... Mir invitéieren Iech, eise klenge Wënzerbetrib mat all senge Facetten ze entdecken.

 

Eise Pinot Gris - Tentation

Eise Pinot Gris kënnt aus 2 Wangerten, 9,2a Lassréngen an 11,4a Kräizbierg, allebéid zu Remerschen. De Joergang 2023 huet nees mat Bravour den Test vum Wäibauinstitut gepackt a krut d'Lëtzebuerger AOP Bezeechnung "Grand Premier Cru".

20190913-110617_edited.jpg
20190704-103331.jpg

 

Bei eisem alljärleche Blindtasting virun der Offëllung ass de Joergang 2023 onverännert bliwwen: weder Zocker- nach Saier-Korrektur. E gouf sou ofgefëllt wéi en am Faass geräift war, also "vum Faass an d'Glas", wéi de Kellermeeschter houfreg seet.

Resultat vun der Analyse vum Réimecher Wäibauinstitut

Nummer AOP.: 02070

Ernärungsinformatioun pro 100 ml

Energie: 77 kcal / 322 kJ
Kuelenhydrater: 1,9 g/100 ml
vun deenen Zocker: 0,9 g/100 ml
Enthält kleng Quantitéiten u Fett, gesättegt Fettsairen, Protein a Salz.

Zutaten: //
Allergènen: //
Analyse Resultater

Alkoholgehalt a Volumeprozent: 12,60% Vol.
Gesamtalkoholgehalt: 13,14 % vol.
Reschtzocker: 0,9 g/100 ml
Gesamtsaier: 5,9 g/l
pH-Wäert: 3,38
Gesamt SO2: 84 mg/l
Energie pro 100 ml: 77 kcal / 322 kJ

tentation-front.jpg
20210725-065646.jpg

De Pinot Gris ass eng Wäisswäin Drauwenzort, där hir zeideg Drauwen eng roudelzesch bis rout Haut entwéckelen.


Et ass eng zimmlech schwiereg Drauwenzort a punkto Wäibau. Déi dënnhaiteg Drauwen erfuerderen eng ganz virsichteg Veraarbechtung, well Verletzungen vun der Haut hire Jus ze fréi fräiginn. Si reagéieren och staark op Temperaturschwankungen (Hëtzt / Keelt).

 

De Pinot Gris ass bekannt als Grauburgunder oder Ruländer an Däitschland an Éisträich, als Pinot Gris ass e verbreet a Frankräich, Australien a Lëtzebuerg, an Italien als Pinot grigio an am Wallis als Malvoisie.

Mieresfriichten, Nuddelen, Schoffleesch, Kéis, frësch Kraider a Geméis fannen en harmonesche Begleeder am Pinot Gris.

Eis Wangerten

bottom of page