DOMAINE DE SCHENGEN

De liicht anere Wënzerbetrib ... Mir invitéieren Iech, eise klenge Wënzerbetrib mat all senge Facetten ze entdecken.
Aarbechten an de Wangerten
Vun Ufank un hunn de Georges, de Paul an de Romain décidéiert, all iwwerdriwwe Behandlung vun de Riewen a Wangerten ze vermeiden an nëmmen de Mindestprogramm u Fleeg duerchzeféieren, dee vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut virgeschriwwen ass. Verschidde Moossname goufe geholl, fir datt d'Riewe sech selwer op natierlech Aart a Weis géint schiedleche Befall kënne verteidegen.
Eng ëmweltbewosst Bewirtschaftung vun de Wangerten gouf an de Parzellen agefouert, fräi nom Motto: sou vill wéi néideg, sou mann wéi méiglech. D'Begringung vum Wangert hëlleft d'Erosioun ze limitéieren. Zousätzlech entsteet en Ëmfeld, dat d'Entwécklung vun der spontaner Flora an e Liewensraum fir d'lokal Fauna favoriséiert, an domat d'Biodiversitéit fördert. De Buedem tëscht de Riewen an d'Begringung tëscht de Reihe gëtt mechanesch beaarbecht, sou entsteet en natierleche Schutz, deen eis Riewe viru Krankheete schützt.


Virsiichteg Handaarbechten ginn un de Riewe selwer d'ganzt Joer duerchgefouert. Et ginn zwee Ziler vun dëse Moossnamen:
-
den Drauwe e méiglechst gesond Ëmfeld bidden
-
Qualitéit vun den Drauwen förderen fir e gudde Most ze kréien
Dës Moossname féieren zu de beschtméigleche Startbedéngungen fir eist flëssegt Gold. Hei sinn e puer wichteg Agrëffer kuerz erkläert:
-
Entbliederung op der Hand
-
schützt d'Rief a jonk Schëss viru mechanesche Verletzungen
-
méi Sonneliicht
-
Reduktioun vun der Fiichtegkeet an de Riewen (reduzéierte Pilzbefall)
-
féiert zu enger besserer Verdeelung vun der Energie op déi wuessend Drauwen
-
-
Virun der aktueller Lies a während der Vegetationsperiod huele mir Drauwen ewech, och Gringlies genannt, fir den Ertrag vun enger Rief ze limitéieren. Dëst geschitt normalerweis kuerz ier d'Drauwen ufänken zeideg ze ginn. Déi reschtlech Drauwe kréie sou méi en intensive Goût.
-
Widderhuelt a gezilt Zréckschneide vu Schëss mat groussen Handschéieren.
-
Mulche vum Réckschnëtt fir d'Düngung.
-
Manuellt, selektivt Liese vun den Drauwen vu beschtens geschoulten Erntehelfer fir eng qualitativ héichwäerteg Wuer ze kréien.